17/10/2023

𝑷𝒍𝒂𝒏𝒛𝒆 𝒗𝒖𝒏 𝑼𝒆𝒃𝒔𝒕𝒃𝒆𝒆𝒎 & 𝒅’𝑾𝒊𝒄𝒉𝒕𝒆𝒈𝒌𝒆𝒆𝒕 𝐯𝐮𝐧 𝐝𝐞𝐫 𝒓𝒊𝒄𝒉𝒕𝒆𝒈𝒆𝒓 𝑼𝒆𝒃𝒔𝒕𝒃𝒂𝒎𝒛𝒐𝒓𝒕

Joer fir Joer ginn op ëffentleche Flächen awer och op private Grondstécker an de 𝗦𝗜𝗖𝗢𝗡𝗔 Membersgemengen néi Uebstbeem vum Service Technique geplanzt. Et ginn haaptsächlech al a regional Uebstzorten, déi sech dem Klima an dem Standuert upassen, ausgewielt. Bis zu 600 Beem gi pro Joer geplanzt. D’Uleeën vun neie Bongerten an d’Ersetze vun ale Beem fëllen eidel Plazen, déi duerch d’Bebauung oder d’Ofstierwe vun immens alen a futtisse Beem entstane sinn.
D’Erhale vun traditionellen Uebstbamzorten hëlleft Aarten ze schützen an och d’Kulturiewen ze erhalen. Déi heemesch, historesch Zorte sinn oft vill méi resistent géint Krankheeten a méi bestänneg géigeniwwer Witterungs a Buedemverännerungen.
Hei fannt dir weider Informatiounen zu de lokalen Uebstzorten: https://sicona.lu/obstwiesen-bedeutung/
Fir den Oktober sinn et d’Bongerten an d’Uebstbeem. D’Säit fannt dir hei: https://sicona.lu/unsere-obstbaeume/
All d’Themen aus den läschte Méint fannt dir op dëser Sammelsäit: https://sicona.lu/ueber_uns/thema-des-monats/
Retour