05/03/2024

JUVAK – Activités pour jeunes

Léif Jonker, léif Elteren, léif alleguer,

d’Fréijoer steet virun der Dier, a mir freeën eis, iech heimat eis Broschür JUVAK
Ouschteren zoukommen ze loossen. Hei fannt dir ofwiesslungsräich Aktivitéiten, déi
d’Jugendhaiser a Kollaboratioun mat de Gemengen Déiferdeng, Suessem, Dippech a
Käerjeng, fir déi Jonk wärend der Ouschtervakanz 2024 ubidden.
Zesumme mat de Jonken ass ee super Programm ausgeschafft ginn. Ugebuede ginn
ënner anerem: Poterie, Manga Workshop, Lasergravur, Urban Sports, a villes méi.
Kommt gären an ärem Jugendhaus laanscht, fir iech den detailléierte Programm vun
de Jugendaarbechter:innen erklären ze loossen oder besicht eise Site: www.juvak.lu

Op dëser Plaz nach ee ganz grousse Merci un d’Jugendaarbechter:innen an de
Jugendhaiser, an natierlech och un déi Jonk, déi dozou bäigedroen hunn dëse flotte
Programm op d’Been ze stellen.

Och eise Partnergemenge gëllt e grousse Merci fir déi gutt Zesummenaarbecht an
dësem Projet.
Iech Jonke wënsche mir eng flott a spannend Zäit a virun allem ganz vill Spaass!
Bis ganz geschwënn!

Am Numm vun der Jugendtreff Déiferdeng asbl an der Jugendtreff SABA asbl

 

Juvak Flyer

Retour