Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn (abrégé) ASA
Ech stellen fir, D’Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn (abrégé) ASA, gegrënnt 2011.
Mir sinn eng asbl wou d’utilité publique huet a Fongen sammelt fir Assistenzhonn kennen ze finanzéieren. En ausgebilten Hond kascht 17.000.-€.
Bekannt sinn mir bis haut mat der Aktioun ‚E Stopp fir é Mupp!‘. Nieft Plastiksstëpp, sammele mir elo néi och Korkenstëpp wou d’Valorlux ons 350.-€ pro gesammelter Tonn iwwerweist. Et sinn ganz vill Gemengen, Schoulen, Maisons Relais, Altersheimer asw.- wou se fir ons sammelen an duerno an engem Centre de Ressources ofginn.
Ons Honn schaffen fir SozialpädagogInnen, Logopädinnen, Ergotherapeutinnen, Infirmière’en asw. an dat an Alters- a Pfleegeheimer, Klinicken, a Schoulen, Kompetenzzentren, a Liewensgruppen fir Kanner a Jugendlecher asw. Och finanzéieren mir sougenannten chiens d’éveil fir z.B. Kanner mat Autismus oder enger Trisomie 21 an Assistenzhonn genannt détecteur d’épilepsie.
D’ASA huet och 4 Honn bénévol am Asaz déi reegelméisseg Aktivitéiten z.B. an Dagesstrukturen fir Leit matt engem Handicap, Maisons de soins an och Hausbesucher maachen. Mir ënnerstëtzen och Déiere-geschützten-Therapien, e.a. zu Habscht an zu Brouch.
D’ASA kritt keng Ënnerstëtzung vum Staat an ass op Don’en ugewisen fir hir Projé’en kennen ze realiséieren. Fir weider Infoen: www.asa-asbl.lu .
E grousse Merci un d’Gemeng Dippech!
Luc Schwartz, Präsident vun der ASA asbl
E ganz interessanten Film fannt dir um Site bei Temoignagen op: https://www.asa-asbl.com/about-1
Autres nouveautés
-
26/04/2024
Élections européennes – Ouverture exceptionnelle de notre guichet de la population le samedi 4 mai 2024 de 10h00-11h00.
-
25/04/2024
Insektefrëndlech méien
-
20/04/2024
La Commune de Dippach désire recruter
-
17/04/2024
La pompe à chaleur une solution efficiente et écologique pour chauffer votre logement