17/05/2025
Ajouter au calendrier
Insekten an Naturexperimenter

Ëmweltkommissioun vun der Gemeng Dippech an Zesummenaarbecht mam Naturschutzsyndikat SICONA invitéieren Kanner, am Alter vu 6 bis 12 Joër, häerzlech op hier Aktivitéit zum Thema:
Insekten an Naturexperimenter
Mir maachen eis op d’Sich no allerhand Gedéiesch, dat um Buedem an ënnert dem Buedem lieft. Mir fanne bestëmmt sou munch Déier dat mir nach net kennen an dat mir dann, wéi de Sherlock Holmes, genee ënnert d’Lupp huelen.
Flott Spiller kommen heibäi awer och net ze kuerz.
Donieft maache mir och dat eent oder anert Naturexperiment!
Mat Spaass a Wësse léiere mir d’Natur esou besser kennen. Insekten an Naturexperimenter Haut entdecke mir alles, wat an de Wisen an am Bësch ronderëm wibbelt a krabbelt.
Informations supplémentaires
Localité
Beim Busarrêt,rue Centrale zu Schuller (vis-à-vis vum Schéiferwee)
Catégorie
Excursions