đ±đș Mir ginn dĂ«s Woch nach eemol Vollgas, Ă©ier et an dĂ©i wuelverdĂ©ngte Summerpaus geet.đđ„
DĂ«s Woch waarde mir quasi all Dag mat engem aner Event op Iech; a mĂ©i verschidde kĂ©int de Programm net sinn!đ

đ DĂ«nschdes, de 14/07: Tour de France đ”ââïž (10. Etapp Aurillac > Le Lioran) a FIFA WM 2026 – Public Viewing beim Kulturhaus Pontebier (FrankrĂ€ich đ«đ· – đȘđž Spuenien), zesumme mam FC Schuller
_____
đ MĂ«ttwochs, de 15/07: Tour de France đ”ââïž (11. Etapp Vichy > Nevers) a FIFA WM 2026 – Public Viewing beim Kulturhaus Pontebier (England đŽó §ó ąó „ó źó §ó ż – đŠđ· Argentinien), zesumme mam FC Schuller
_____
đ Donneschdes, de 16/07: Sprangschlassfest am Schuller Parc đ°
Vu Moies 10 bis 18 Auer, mat gratis EntrĂ©e, zesumme mam Jugendtreff Saba Dippech an der Musek Gemeng Dippech. Och den CNAPA – Centre National de PrĂ©vention des Addictions wĂ€ert Iech mat engem klenge Stand empfĂ€nken.đ€
đ Owes dann, ab 17h30: Open Air Movie Night beim Kulturhaus Pontebier – mat gratis Popcorn, zerwĂ©iert vun der Jugendkommissioun! đż
_____
đ Freides, de 17/07: Sprangschlassfest am Schuller Parc đ°
Vu Moies 10 bis 18 Auer, mat gratis Entrée, zesumme mam Jugendtreff Saba Dippech an der Musek Gemeng Dippech
đ Owes, ab 17h00: De sportlechen After Work, musikalesch begleet vu Simply 2 an der DJ ChiQa Tan, organisĂ©iert vun der Sportskommissioun. De perfekte Start an de Weekend!đđ
_____
đ Samschdes, den 18/07: Sprangschlassfest am Schuller Parc đ°
Vu Moies 10 bis 18 Auer, mat gratis Entrée, zesumme mam Jugendtreff Saba Dippech an der Musek Gemeng Dippech
_____
đ Sonndes, den 20/07: D’Finall vun der FIFA WM 2026 – Public Viewing beim Kulturhaus Pontebier, zesumme mam FC Schuller
_____
Mir freeĂ«n eis, Iech bei eis ze begrĂ©issen ze dierfen!đ«¶


