Zesumme mat der Musek Gemeng Dippech hu mir och dëst Joer versicht um Virowend vum Rock um Bur e flotte Museksprogramm fir Iech zesummen ze stellen, wou fir Jiddereen eppes derbäi ass. Vu Kleng bis Grouss war jiddereen op eiser Bün vertrueden. E Merci geet un dëser Plaz och un d’Käerjenger Museksschoul, mat Déier mir alt nees eng top Zesummenaarbecht erlieft hunn.
Als Haaptakt vum Owend duerfte mir dunn d’ChiQa & The Boyz bei eis op der Stage begréissen, a spéitstens du gouf et bei de Leit sur place keen hale méi…😎🤘
Dir kënnt Iech elo schonns déi nächsten Editioun an de Kalenner androen: 3 + 4 Juli 2027!
🎤🎸


