Opgepasst am Bësch

De Summer ass eng flott Zäit, fir eis Bëscher an eis Natur ze genéissen.

Gläichzäiteg gesäit een op ville Plazen, wéi d’Dréchent an déi héich Temperaturen eise Bëscher zousetzen.

Dat erhéicht och de Risiko vu Bëschbränn an aner Gefore fir Natur a Mënsch.

Mat engem verantwortungsvolle Verhale kann all Mënsch dozou bäidroen, eis Natur ze schützen.

Dobäi kann ee scho mat e puer einfache Rotschléi Risike reduzéieren.