Nächste Sonnden ass et souwäit🤩:
De Multiculti 2026 steet virun der Dier; eng éischte Kéier beim Kulturhaus Pontebier zu Schouweiler, dofir ewéi gewinnt mat engem volle Programm an Iessen & Kultur aus aller Welt:
11h30: Konzert vun der Musek Gemeng Dippech
12h00: Offiziell Ouverture mat der Ried vun der Madamm Buergemeeschtech
12h30-14h15: Bei musikalesch Ënnerhalung mam LUNGO & MIL🎸
14h30: Rancho Folclórico As Tricanas de Differdange-Luxemburgo
15h30: Reprise duerch eist Duo LUNGO & MIL
16h30: Garnich Folk Club
17h30 bis Feierowend: LUNGO & MIL – let’s rock💃🕺
Och kulinaresch kommt Dir den 20. September net ze kuerz, mat enert Anerem:
🇨🇮 der Côte d’Ivoire: Attieké; Alloco poulet grillé; …
🇱🇺 Lëtzebuerg: verschidden Zoppen; Crèpes; …
🇵🇹 Portugal: Bifanas; portugiesche Beignet’en; …
🇮🇹 Italien: Pizza fritta; Lasagna; Limoncello; …
🇭🇷 Kroatien: Cevapcici; kroatësche Wäiner; …
🇮🇳 Indien: verschidde Curry-Plat’en; …
🇸🇳 dem Senegal: Thiep; Pastels viande ou poisson; …
🇬🇷 Griechenland: Pouletsgyros; …
Och fir déi Kleng ass gesuergt, zesumme mam Jugendtreff Saba Dippech bidde mir Facepainting un, e Sprangschlass steet bereet; et wäert Kengem langweileg ginn!😉👏
De Multiculti 2026 – organiséiert an Zesummenaarbecht mat der Kommissioun vum Vivre ensemble.🤝



