Biergeratelier: Hëtztwellen an Iwwerschwemmungen

Am éischten Deel vum Owend huet d’Madamm Elena Metzdorf (Chargée de projets Eau – Ministère de l’Environnement, du Climat et de la Biodiversité) déi national Strategie fir d’Upassung un de Klimawandel virgestallt.

Den zweeten Deel huet dunn aus engem Workshop mat 4 Themendëscher bestanen. D’Participante konnten sech fräi eraussichen, u wéi engem Dësch si matschaffe wollten.

Op all Dësch gouf e bestëmmt Krisenzenario duerchgespillt.

Bierger haten dobäi d’Méiglechkeet, hir perséinlech Erfarungen, hir Bedenken an hir Iddien anzebréngen an zesummen dräi konkret Moossnamen auszeschaffen, déi hirer Meenung no besonnesch wichteg sinn oder ëmgesat solle ginn, fir d’Bevëlkerung besser op d’Suitte vum Klimawandel virzebereeden.

Et war en Austausch iwwer erliefte Situatiounen, bestoend Problemer a méiglech Preventiounsmoossnamen.

Dëse Workshop gouf an Zesummenaarbecht mat der CELL asbl, der Gemeng Reckeng op der Mess a der Gemeng Garnech organiséiert.