Aktioun „Gielt Band“ – Zerwéiert Iech!

D’Uebst schmaacht am Beschten, wann een et selwer gepléckt huet. Mee dat däerf ee just a sengem eegene Bongert. All Joer verfaulen awer kiloweis Äppel, Bieren, Quetschen etc. op an ënnert de Beem an de Wisen a laanscht d’Landstroossen.

Mat der Aktioun „Gielt Band“ ruffen de Ministère de l’Agriculture, de l’Alimentation et de la Viticulture, de Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises an d’Gemeng Dippech d’Biergerinnen an d’Bierger dozou op, sech op eng flott a nohalteg Manéier géint d’Liewensmëttelverschwendung ze engagéieren.

D’Gemeng markéiert déi entspriechend Uebstbeem mat engem giele Band. Jiddereen dee well däerf da gratis, fir den eegene Gebrauch, Uebst vun deene Beem plécken an dat wat ënnendrënner leit rafen. Déi betreffend Beem stinn am Park hannert der Gemeng zu Schuller an hannert dem Kierfecht zu Schuller.