Naturcrèche Gemeng Dippech

Naturcrèche Gemeng Dippech

La Naturcrèche Dippach a ouvert ses portes en avril 2024. Elle est gérée par la Croix-Rouge luxembourgeoise en collaboration avec la commune de Dippach. L’établissement est agréé pour accueillir 44 enfants, encadrés par une équipe pédagogique qualifiée.

Située à Schouweiler, en pleine nature, la crèche se distingue par l’intégration de la pédagogie par la nature et de la pédagogie piklérienne. Chaque matin, les enfants passent du temps en forêt, où des activités pédagogiques adaptées leur sont proposées.

Naturcrèche Gemeng Dippech

D’Naturcrèche Dippech huet hir Dieren am Abrëll 2024 opgemaach. D’Crèche gëtt vum Lëtzebuerger Roude Kräiz a Kooperatioun mat der Gemeng Dippech geréiert. Den Agrement vun der Crèche gesäit d’Opnam vu 44 Kanner vir, déi vun engem qualifizéierten Team betreit ginn.

D’Naturcrèche Dippach ass eng Struktur, déi sech duerch d’Ëmsetzung vun der Naturpädagogik an der Pikler Pädagogik auszeechent. Si läit zu Schuller an ass vun der Natur ëmginn. D’Kanner verbréngen hire Moien am Bësch, wou hinnen pädagogesch Aktivitéiten ugebuede ginn.


L’infrastructure

La crèche dispose de trois salles principales pour l’accueil des enfants, ainsi que d’un grand jardin.

La salle de groupe « Heespréenger » (18 à 24 mois) est divisée en plusieurs espaces spécifiques : un espace repas, un espace motricité, un espace jeux de rôle, un coin lecture/retrait, un espace créativité et un espace de construction.

Les salles de groupe « Kaweechelcher » et « Fräschen » (24 à 48 mois) sont aménagées de manière similaire. Chaque groupe représente une saison différente : le printemps, l’été et l’automne. Afin de favoriser l’autonomie des enfants, les espaces sont organisés de façon à ce qu’ils puissent accéder librement à tout ce dont ils ont besoin.

Le bureau administratif est symbolisé par l’oiseau « milan royal », espèce emblématique de la forêt de Schouweiler. Cet oiseau figure également dans le logo de la crèche.

D’Infrastruktur

Eis Crèche besteet aus dräi Haapträim fir d’Kannerbetreiung an engem grousse Gaart.

De Gruppesall „Heesprénger“ (18 bis 24 Méint) ass a verschidde spezifesch Beräicher opgedeelt: en Iessberäich; e Beräich fir d’Motorik; e Rollespillberäich; e Rou-/Liesberäich; e Kreativitéitsberäich an e Beräich fir Konstruktiounsspiller.

D’Gruppesäll „Kaweechelcher“ an „Fräschen“ (24 bis 48 Méint) si gläich opgebaut. All Grupp representéiert eng aner Joreszäit: Fréijoer, Summer an Hierscht. Fir de Kanner hir Autonomie esou vill wei méiglech ze fërderen, sinn d’Säll esou ageriicht, dass si selwer Zougang zu allem hunn, wat si brauchen.

De Büro fir déi administrativ Aarbecht steet ënner dem Symbol vum „Rotmilan“, engem Vugel, deen an de Bëscher vu Schuller vill gesi gëtt. Dëst Symbol fënnt een och am Logo vun der Crèche erëm.

Naturcrèche Gemeng Dippech

Le concept pédagogique

Notre approche repose sur la pédagogie piklérienne, qui vise à promouvoir la liberté et le respect de l’autonomie de l’enfant dans son processus d’apprentissage. Selon Emmi Pikler, l’enfant est capable d’explorer, d’expérimenter, d’apprendre et de se développer sans intervention directe de l’adulte. Le rôle de l’adulte est de garantir un environnement adapté aux besoins et aux intérêts de chaque enfant, afin de favoriser son épanouissement.

Les trois principes fondamentaux de cette pédagogie sont :

  • L’importance du soin : Les moments de soin sont des instants privilégiés où l’enfant prend conscience de son corps et de ses besoins. Ce sont aussi des moments d’échange individuel entre l’adulte et l’enfant.
  • La référence et la sécurité affective : L’enfant a besoin d’un adulte référent pour l’encourager et le soutenir dans son développement. Il est essentiel de lui expliquer ce que l’on fait et pourquoi.
  • La motricité libre et l’activité autonome : La motricité libre permet à l’enfant de progresser à son propre rythme et d’adopter des gestes sécurisés.

Dat pädagogescht Konzept

Eis deeglech Aarbecht baséiert op der Pikler Pädagogik. D‘Zil ass et, d’Fräiheet an d’Autonomie vum Kand a sengem Léierprozess ze fërderen. No dëser Approche huet d’Kand d’Fäegkeet, selwer z’erfuerschen, ze experimentéieren, ze léieren a sech z’entwéckelen, ouni dass en Erwuessenen direkt agräift. D’Roll vum Erwuessenen ass et, eng Ëmwelt ze schafen, déi de Besoinen an Interesse vum Kand entsprécht, fir dass et sech voll a ganz entfale kann.

Emmi Pikler baséiert sech op 3 wichteg Prinzippien:

  • D’Wichtegkeet vun der Fleeg : D’Fleegemomenter sinn eng Geleeënheet fir d’Kand, säi Kierper a seng Besoine bewosst ze erliewen. Et sinn och individuell Momenter tëschent dem Kand an dem Erwuessenen.
  • Referenzpersoun an emotional Sécherheet: D’Kand brauch eng fest Referenzpersoun, déi et ënnerstëtzt a motivéiert. Et ass wichteg, dem Kand ze erklären, wat den Erwuessene mécht a firwat.
  • Fräi Motorik an autonom Aktivitéit :
    Fräi Motorik erlaabt dem Kand a sengem eegene Rhythmus virzegoen a sécher Beweegungen unzehuelen.

La nature comme espace d’apprentissage

L’environnement naturel offre aux enfants un cadre calme, sain et apaisant. Le contact quotidien avec la nature leur permet de tisser un lien fort avec celle-ci et d’apprendre à la respecter.

La nature répond parfaitement à leur besoin de mouvement et stimule leur créativité ainsi que leur imagination grâce à l’expérimentation avec les matériaux naturels de la forêt.

D’Natur als Léierraum

D’natierlecht Ëmfeld erlaabt et de Kanner, an engem rouegen, gesonden an entspanende Raum ze sinn. Duerch de reegelméissege Kontakt mat der Natur léieren d’Kanner, eng Verbindung mat hir opzebauen an se ze respektéieren.

D’Natur bitt de Kanner ideal Konditiounen, fir hire Beweegungsdrang ze erfëllen. D’Experimentéiere mat Materialien aus dem Bësch fërdert d’Kreativitéit an d’Fantasie vun de Kanner.

67, rue de Dahlem
L-4997 Schouweiler

Contact

27 55 69 01
naturcreche.dippach@croix-rouge.lu
www.croix-rouge.lu

Heures d’ouverture

Pendant les périodes scolaires et vacances scolaires : du lundi au vendredi de 7h à 19h.