Réckbléck op de « Rock um Bur »

Réckbléck op de « Warm-up Rock um Bur« 

Zesumme mat der Musek Gemeng Dippech hu mir och dëst Joer versicht um Virowend vum Rock um Bur e flotte Museksprogramm fir Iech zesummen ze stellen, wou fir Jiddereen eppes derbäi ass. Vu Kleng bis Grouss war jiddereen op eiser Bün vertrueden. E Merci geet un dëser Plaz och un d’Käerjenger Museksschoul, mat Déier mir alt nees eng top Zesummenaarbecht erlieft hunn.

Als Haaptakt vum Owend duerfte mir dunn d’ChiQa & The Boyz bei eis op der Stage begréissen, a spéitstens du gouf et bei de Leit sur place keen hale méi…

Réckbléck op de « Rock um Bur« 

Eng super Atmosphär, vill gutt Laun a virun allem eng ganz Partie rockeg Kläng – esou bleift Rock um Bur 2026 an Erënnerung!

E grousse Merci u Flightguys, Heavy Petrol a Mental Coverband, déi de Public mat hire Performancë begeeschtert hunn.

Dir kënnt Iech elo schonns déi nächsten Editioun an de Kalenner androen: 3 + 4 Juli 2027!

Galerie de photos – Dippach