Am Kader vum nationalen Dag vum Bam huet d’Gemeng Dippech haut de Moien eng Bamplanzaktioun zu Schuller organiséiert, bei där zwee Beem bei der Apdikt geplanzt goufen.
Beem sinn e wichtege Bestanddeel vun eiser Biodiversitéit an droen dozou bäi, eis Natur ze schützen a géint de Klimawandel ze kämpfen.
E grousse Merci un eis couragéiert Kanner aus dem Cycle 4.1, déi mat vill Begeeschterung d’Schëpp an de Grapp geholl hunn, fir beim Planze vun de Beem ze hëllefen.
Als Belounung gouf et uschléissend nach e leckere Croissant mat engem Orangëjus oder enger Schokelasmëllech.
Dans le cadre de la Journée nationale de l’arbre, la commune de Dippach a organisé ce matin une action de plantation d’arbres à Schouweiler, au cours de laquelle deux arbres ont été plantés à proximité de la pharmacie.
Les arbres jouent un rôle essentiel dans la préservation de notre biodiversité et contribuent à la protection de notre environnement ainsi qu’à la lutte contre le changement climatique.
Un grand merci à nos courageux élèves du cycle 4.1, qui n’ont pas hésité à prendre la pelle en main pour participer à la plantation des arbres.
En guise de récompense, les enfants ont ensuite pu déguster un croissant accompagné d’un jus d’orange ou d’un lait chocolaté.









