D’Sportleréierung 2025 war eng schéi Geleeënheet, fir eis talentéiert Sportlerinnen a Sportler fir hiren Asaz, hiert Engagement an hir aussergewéinlech Leeschtungen ze éieren.
Mat vill Leidenschaft, Teamgeescht an Disziplin hunn si eis Gemeng oder eis Veräiner am Laf vum Joer 2025 stolz vertrueden – ob op regionalem, nationalem oder internationale Plang.
E grousse Merci geet och un all Trainer, Fräiwëlleger a Supporter, déi am Hannergrond onermiddlech schaffen an esou zum Succès bäidroen.
D’Fotoe fann dir op eisem Site: https://www.dippach.lu/galerie-de-photos/
___________________________________
La soirée des mérites sportifs 2025 a été une excellente occasion d’honorer nos athlètes talentueux pour leur engagement, leur dévouement et leurs performances exceptionnelles.
Avec beaucoup de passion, d’esprit d’équipe et de discipline, ils ont fièrement représenté notre commune ou nos clubs tout au long de l’année 2025, que ce soit au niveau régional, national ou international.
Un grand merci également à tous les entraîneurs, bénévoles et supporters qui travaillent sans relâche en coulisses et contribuent ainsi à ce succès.
Vous trouverez les photos sur notre site Internet: https://www.dippach.lu/galerie-de-photos/


