Am Kader zum Bau vun der Wandmillen zu Dippech, mécht Gemeng Dippech op déi grouss Transporten vun den Anlagendeeler op follgend Datumer opmierksam.
D’Tuermelementer fir d’Wandmillen zu Dippech gi vun Dënschdeg op Mëttwoch, den 21. op den 22. Abrëll transportéiert a komme géint 00h30 Auer an der Nuecht un,
En zweeten Transport fir d’Gondel ass vu Mëttwoch op Donneschdeg, den 22. op den 23. Abrëll geplangt, och Dëse soll géint 00h30 an der Nuecht ukommen,
Vun Méindeg op Dënschdeg, de 4. op de 5. Mee, géint 01:00 Auer an der Nuecht, ginn déi dräi Flilleken op de Standuert bruecht,
Vun Mëttwoch op Donneschdeg, de 6. op de 7. Mee, géint 00h00 an der Nuecht, ginn Deeler vum Rotor ugeliwwert.
Wéinst dëse Spezialtransporter kann et punktuell iwwert Bartreng an d’N5 bis bei Wandmillen zu klenge Verkéiersbehënnerunge kommen. Transportauerzäiten si staark Wiederofhängeg a kennen sech änneren.
Mir soen Iech villmools Merci fir Äert Versteesdemech a bieden d’Automobilisten ëm entspriechend Opmierksamkeet. Wann Dir Iech dat Ganzt selwer wëllt ukucken, bleift weg. um Trottoir a bréngt Iech net selwer a Gefor.
Transportroute: http://g-o.lu/3/Pv0qE

Dans le cadre de la construction de l’éolienne à Dippach, la commune de Dippach informe le public des transports exceptionnels des éléments de l’installation aux dates suivantes:
Les éléments de la tour de l’éolienne à Dippach seront transportés de mardi à mercredi, du 21 au 22 avril, avec une arrivée prévue vers 00h30 dans la nuit.
Un deuxième transport pour la nacelle est prévu de mercredi à jeudi, du 22 au 23 avril, avec une arrivée également vers 00h30 dans la nuit.
De lundi à mardi, du 4 au 5 mai, vers 01h00 du matin, les trois pales seront acheminées vers le site.
De mercredi à jeudi, du 6 au 7 mai, vers minuit, des éléments du rotor seront livrés.
En raison de ces transports exceptionnels, de légères perturbations de la circulation peuvent survenir ponctuellement à travers Bertrange et sur la N5 jusqu’au site des éoliennes. Les horaires de transport dépendent fortement des conditions météorologiques et peuvent être modifiés.
Nous vous remercions vivement pour votre compréhension et demandons aux automobilistes de faire preuve de vigilance. Si vous souhaitez observer ces opérations, veuillez rester sur le trottoir et ne pas vous mettre en danger.


