D’ Dippecher Kiermes steet virun der Dier!
Mir freeën eis elo schonn drop, Iech Samschdes, den 3. Oktober 2026 erëm zu Dippech begréissen ze kënnen!
Präparéiert Iech op ee ganzen Dag voller Freed, Spaass, Musek an Danz fir d’ganz Famill.
Samschdes, 3. Oktober 2026
11h00 – 23h00
Ronderëm de Centre culturel zu Dippech
Nieft Karusseller, Intefëschen a Sprangschlass ass natierlech och fir eng flott Ambiance a gutt Ënnerhalung gesuergt.
Op Iech waarden:
• Thé Dansant mat Dancing Sound (14h00 – 18h00)
• Singers Unlimited (19h00 – 22h30)
Fir Iessen a Gedrénks suergen déi lokal Veräiner.
De Foyer de la Femme Dippech servéiert Gedrénks.
D’Amicale Centre d’Incendie et de Secours Dippach maachen de Grill un a Luxembourg Amateur Radio Union maachen frësch Pannescher.
Mir freeën eis drop, Iech zu Dippech begréissen ze däerfen!




