Réaménagement de la traversée des localités de Schouweiler et de Sprinkange :
Fir d’Liewensqualitéit an d’Sécherheet vun den Awunner vu Schuller a Sprénkeng ze verbesseren, wëll de Schäfferot d’Bierger vun der Gemeng Dippech doriwwer informéieren, dass den 13. Abrëll 2026, op der N5 an der Rue de l’Eglise zu Schuller a Sprénkeng, Bauaarbechten ufänke wäerten.
Et si follgend Aarbechte virgesinn :
- Infrastrukturaarbechten am Zesummenhang mam Drénkwaasser- an Ofwaassernetz ;
- Uleeë vu kombinéierte Fouss- a Vëlosweeër ;
- Ëmsetzung vu verkéiersberouegende Moossnamen ;
- Uleeë vun enger Verkéiersinsel am Agang vu Schuller ;
- Installatioun vu roude Luuchten a Foussgängersträifen am Agang vu Schuller ;
- Ausbau vun duerchgoende Foussgängerweeër.
Virum Ufank vun den Aarbechte ginn d’Awunner, déi laanscht déi betraffe Stroossen wunnen, vun engem Expert kontaktéiert, fir en État des lieux ze maachen.
Fir den Afloss vum Chantier op e Minimum ze beschränken an d’Mobilitéit vu jidderengem am Verkéier weiderhin ze garantéieren, gëtt wärend den Aarbechte de Verkéiersfloss kontinuéierlech a sécher assuréiert.
Déi viraussichtlech Dauer vun den Aarbechte gëtt op zweeanenhallef bis dräi Joer geschat, ënner Virbehalt vun technesche Contrainten.
Informatiounen an aktuell Meldungen zum Fortschrëtt vun den Aarbechte wäerten op de soziale Medien vun der Gemeng Dippech, esouwéi am Infoblat verëffentlecht ginn.
Dës Baustell gëtt an enker Zesummenaarbecht mat Ponts&Chaussées duerchgefouert a stellt eng Investitioun an d’Liewensqualitéit an d’Verkéierssécherheet vun all Bierger (aus der Gemeng an doriwwer eraus) duer.
Mär hoffen op Äert Versteesdemech a soen Iech dofir elo schonn häerzlech Merci.
De Schäfferot vun der Gemeng Dippech.


